Qi Gong Harmony



Accueil

Contact

Liens favoris


Dir wëllt eppes fir Iech selwer maachen, Äre Kierper besser kenne léieren an Iech voll Energie spieren?

Dir wëllt Iech an Harmonie mat Ärem Otem an Ärem Kierper bewegen an Iech gutt dobäi spieren?

Qi Gong ass eng Methode, déi an der Traditioneller Chinesescher Medezin (TCM) schonn zënter Joerdausenden agesat gëtt, fir Kierper a Geescht gesond ze erhalen. Op Basis vun einfachen Gymnastik-Übungen a Kombinatioun mat Opmierksamkeet an bewosster Lenkung vum Otem kënnen Energieblockaden geléist a Kierper a Geescht entspaant ginn.

E Cours besteht aus Automassagen, Meditatiounen an verschidden Übungsfolgen an der Bewegung.

Interesséiert? Da mellt Iech beim Monika Evrard (diploméiert Qi Gong Léierin, Ecole AVE, Luxembourg a vun der FEDERATION LUXEMBOURGEOISE DE QI GONG & D’ETUDES ASIATIQUES),
Tel. +352 691211765 (no 18 Auer), Mail:qigong@vivace.lu

Owescouren an der Gemeng Käerjeng (Donneschdeg).